News49 Doudeger bei Terrorattack an Neiséiland

E Freidegmoien eiser Zäit huet en 28 Joer alen Australier an 2 Moscheeën aus islam- a friemefeindleche Motiver op d'Leit geschoss.

Leschten Update: 15.03.2019, 20:32:14

© Tessa BURROWS / AFP

No den Attack en am neiséilännesche Christchurch ass nach villes onkloer, no an no kommen awer Detailer un d'Liicht. Deemno sinn 49 Doudesaffer ze bekloen, 20 weider Persoune sinn uerg blesséiert ginn.

Géint 13.40 Auer Lokalzäit war en 28 Joer alen Australier aus islam- an auslännerfeindleche Motiver an zwou Moscheeën eragaangen an huet do op d'Leit geschoss. Dat ganzt huet hie mat enger Helmkamera gefilmt an duerno op Facebook gepost.

Via Twitter hat hie Mueres schonn e friemefeindlecht Manifest verëffentlecht.



3 weider Persoune sinn nieft dem Ugräifer selwer festgeholl ginn. Et géif sech ëm 2 Männer an eng Fra handelen, esou de Policechef vu Christchurch Mike Bush.

Weider sinn un de Gefierer vun den Ugräifer Sprengsätz fonnt ginn, déi vun der Arméi entschäerft hu misste ginn.

© Marty MELVILLE / AFP


Den Zentrum vun der Stad gouf ofgerigelt an d'Leit goufen opgefuerdert, doheem ze bleiwen.







Suerge mécht den Autoritéiten och de Video, deen an der Tëschenzäit am Netz zirkuléiert. Dofir den Opruff dëse Video net ze deelen. Youtube, Facebook an aner Plattformen hunn de Video an der Tëschenzäit geläscht.

No der Attack an Neiséiland huet elo Groussbritannien d'Sécherheetsmesure ronderëm d'Moscheeë verstäerkt. Vu Scotland-Yard heescht et, d'Leit sollen op Unzeeche vu Radikaliséierung an hirem Ëmfeld oppassen. Kritik gouf et och fir déi grouss Videoplattformen a sozial Netzwierker, déi et Terroriste weiderhi géifen erméiglechen terroristesche Contenu ze verbreeden.