NewsCamionschauffer a falsch Direktioun op d'A1 gefuer

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass an der Nuecht op e Freideg e Camionschauffer de falsche Wee op d'Tréier A1 gefuer.

Leschten Update: 15.03.2019, 09:27:02

© Police

Géint 2.00 Auer an der Nuecht op e Freideg hunn Automobilisten der Police gemellt, datt e Camion a falscher Direktioun op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz op der Fuerbunn Richtung Waasserbëlleg ënnerwee war.

De Camionschauffer soll net matkritt hunn, datt hien de falsche Wee vum Irgäertchen op d'Autobunn gefuer ass. Wéi hie säi Feeler bis gemierkt huet, wollt hien op der Héicht vun Hamm dréinen.

E Chauffer, deen op där Plaz ënnerwee war, krut net méi gebremst an ass an den hënneschten Deel vum Gefier gerannt. De Chauffer ass blesséiert ginn a koum an d'Spidol. Géint 4.00 Auer war d'Autobunn nees fir de Verkéier op.

© Police