NewsFIFA schwätzt sech fir WM 2022 mat 48 Equippen aus

D'FIFA huet sech de Freideg zu Miami dofir ausgeschwat fir d'Zuel vun den Equippe fir déi nächste WM am Katar eropzeschrauwen.

Leschten Update: 16.03.2019, 11:04:06

De FIFA-President Gianni Infantino. © RHONA WISE / AFP

Amplaz wéi bis ewell 32 sollen dann 48 Equippen un der WM deelhuelen. Eng definitiv Decisioun gëtt awer eréischt am Juni um FIFA-Kongress zu Paräis geholl.

Confirméiert ass awer, dass d'Club-WM reforméiert gëtt. 2021 sollen an engem Pilotprojet 24 amplaz 7 Equippe géinteneen untrieden. Dofir gëtt de „Confed Cup“ gestrach.