NewsBoeing aktualiséiert feelerhaft Software bannent 10 Deeg

Et weist jo villes dorop hin, dass d'Software un 2 Accidenter mat enger Boeing 737 MAX 8 Schold war. Bannent 10 Deeg soll déi elo aktualiséiert ginn.

Leschten Update: 15.03.2019, 18:52:03

© Fabio LIMA / AFP

No der Fligerkatastroph an Ethiopien wëllt Boeing d'Moderniséierung vun der méiglecherweis feelerhafter Software vum betraffene Fligermodel bannent den nächsten 10 Deeg ofschléissen. Dëst schreift d'Agence AFP.

Dobäi soll d'Installatioun vun dëser Aktualiséierung nëmmen 2 Stonnen daueren. D'Software steet am Verdacht den Accident am Oktober mat enger „Lion Air-Maschinn“ an déi rezent vun „Ethiopian Airlines“ verursaacht ze hunn.