NewsNéierlag fir Bayer a Monsanto am US-Glyphosat-Prozess

Een US-Geriicht huet festgehalen, datt d'Glyphosat-Mëttel Roundup mat Schold un der Kriibserkrankung vum Edwin Hardeman huet.

Leschten Update: 20.03.2019, 10:48:01

© AFP/File/Robyn Beck

Fir déi däitsch Chimie-Entreprise Bayer gouf et an den USA eng Néierlag am Prozess ëm den ëmstriddenen Wierkstoff Glyphosat.

Ee Geriicht zu San Francisco huet et als erwise gesinn, dass dat glyphosathaltegt-Onkrautmëttel Roundup vun der Bayer-Duechter-Gesellschaft Monsanto fir d’Kriibs-Erkrankung vun engem US-Bierger mat responsabel ass. De Mann hat d’Mëttel 25 Joer laang op sengem Grondstéck benotzt.

An enger zweeter Phase vum Prozess soll gekläert ginn, ob Monsanto vun der Gefor wousst, an déi ignoréiert huet, an ob de Mann Schuedenersatz kritt.