NewsBrand an Iechternacher Industriezon

Zu Iechternach gouf et e Méindeg de Mëtten ee Brand an der Industriezon. Kee gouf blesséiert.

Leschten Update: 20.03.2019, 08:02:24

© CIS Iechternach

E Méindeg de Mëtte kuerz no 13h00 gouf ee Groussalarm bei de Pompjeeë vun Iechternach a Mäertert ausgeléist. An der Iechternacher Industriezon gouf et ee Groussbrand.

Wéi d'Pompjeeën op d'Plaz koumen, huet sech erausgestallt dat et ee Kamäibrand war. Well d'Pompjeeë séier op der Plaz waren, konnt gréissere Schued verhënnert ginn. Ënner schwéieren Otemschutz gouf de Brand geläscht an de Raum belëft sou dass d'Aarbechter no 1 1/2 Stonn mat hirer Aarbecht virufuere konnten.

Beim Tëschefall gouf zum Gléck kee blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an de Rettungsdéngscht CIS Iechternach, d'Pompjeeë vum CIS Mäertert-Gréiwemaacher, wéi och d'Police vun Iechternach.