NewsNei Milliarde-Strof fir Google an der EU

D'Google-Mammenentreprise Alphabet muss op en Neits eng héich Strof an der EU bezuelen. An der Vergaangenheet ware Strofe vun iwwer 6 Milliarde fälleg.

Leschten Update: 20.03.2019, 13:07:32

© Chandan Khanna / AFP

Wéi et vun der EU-Kommissioun heescht sollen zesummen 1,49 Milliarden Euro bezuelt ginn, dat well Google seng Muecht um Maart vun den Online-Reklamme mëssbraucht a Konkurrente benodeelegt hätt.

Et ass domat déi drëtte Kéier, dass Google eng EU-Strof wéinst dem Mëssbrauch vu senger Muecht um Marché muss bezuelen.

Mat der neier Strof huet Google esou schonn iwwer 8 Milliarden Euro musse bezuelen.