NewsBei Mailand: Mann entféiert Bus a fänkt en un

Bei Mailand huet e Mann aus dem Senegal e Mëttwoch e Bus mat Schoulkanner entféiert an de Bus a Brand gesat.

Leschten Update: 20.03.2019, 21:05:33

© Flavio LO SCALZO / AFP

E Mëttwoch huet e Buschauffer e Schoulbus entfouert an dësen duerno ugefaangen. Wéi et heescht, hätt hie wëlle mat senger Dot géint d'Awanderungspolitik protestéieren. Konkret wollt hien op den Dout vu Migranten am Mëttelmier opmierksam maachen.

Wéi déi italienesch Noriichtenagence ANSA schreift, soll hien d'Kanner mat engem Messer menacéiert hunn, bis ee puer vun hinnen d'Elteren ugeruff an déi dunn d'Police alarméiere konnten. De Bus ass vu Policeween un der Grenz ausgebremst ginn.

Am Bus waren eng 51 Schüler, 14 dovunner si mat enger Dampvergëftung an d'Spidol bruecht ginn. De Mann ass mat Blessuren an d'Spidol komm a gouf festgeholl. Géint hie gëtt elo ënnert anerem wéinst Entféierung vu Mannerjäregen ermëttelt.

Wéi den italieneschen Inneminister Matteo Salvini matgedeelt huet, soll de Buschauffer wéinst sexueller Gewalt an Alkohol um Steier virbestrooft sinn.

© Flavio LO SCALZO / AFP