NewsBeweegung "Laika" stellt sech hannert jonk Manifestantinnen

Nodeems op de sozialen Netzwierker eenzel Spréch op Plakater um Klimamarsch bei verschiddene net gutt ukomm waren, stellt sech "Laika" hannert déi Jonk.

Leschten Update: 20.03.2019, 17:26:34

© Eldoradio

D'Beweegung "Laika" vun deene Lénken huet sech hannert d'Manifestantinne gestallt, déi wéinst hire Plakater um Klimastreik leschte Freideg fir Opreegung gesuergt hunn.

Wéi et am Statement op Facebook heescht, géif "Laika" hannert alle Jonke stoen, déi leschte Freideg dobäi waren. Virun allem géif d'Beweegung a Solidaritéit mat deene Frae stoen, déi an de sozialen Netzwierker wéinst Spréch op hire Plakater ugegraff gi sinn.

Wéi et heescht, hätte souguer verschiddener hiren Online-Profil misste läschen. "Laika" géif dësen Haass veruerteelen a schwätzt de Betraffenen hir solidaresch Ënnerstëtzung aus.

Den Detail gëtt et am Post op Facebook fir nozeliesen: