News11 Arrestatiounen an Däitschland wéinst Terrorverdacht

De Parquet vu Frankfurt huet e Freideg matgedeelt, datt bei Anti-Terror-Razzien 11 Persoune festgeholl goufen.

Leschten Update: 23.03.2019, 19:38:08

© dpa/AFP Picture Alliance/Archiv/Silas Stein

Déi däitsch Police huet am Rhein-Main-Gebitt eng Partie Salafiste festgeholl, déi eng Terrorattack geplangt sollen hunn. Si goufen e Freideg am Kader vun Anti-Terror-Razzien an Hessen a Rheinland-Pfalz festgeholl, esou de Parquet vu Frankfurt am Main e Freideg.

Bis ewell geet een dovunner aus, datt si eng islamistesch-terroristesch motivéiert Attack geplangt sollen hunn. Am Ganze sinn 11 Persoune festgeholl ginn. Haaptverdächteg sinn zwee Bridder vun 21 an 31 Joer.

Weider solle si schonn a Kontakt mat Waffenhändler gewiescht sinn, e gréissert Gefier gelount a Sue gesammelt hunn. Hinne gëtt elo Terrorismusfinanzéierung an d'Ausmaache vun engem Verbrieche reprochéiert. Weider Informatioune goufen net matgedeelt.