NewsEuropawäit Demonstratiounen um Samschdeg

Um Samschdeg gouf a villen EU-Länner géint de sougenannten "Artikel 13" demonstréiert. Et geet ëm d'Reform vum Auteursrecht.

Leschten Update: 24.03.2019, 12:53:22

© EMMANUEL DUNAND / AFP

Aus Protest géint déi geplangte Reform vum Urheberrecht sinn e Samschdeg a villen EU-Länner dausende Mënschen op d'Strooss gaangen. Och hei zu Lëtzebuerg gouf et eng Protestaktioun um Kierchbierg op der Place de l'Europe.

De Grond fir d'Protester ass déi geplangten Ännerung vum Urheberrecht duerch d'EU. Ëmstridden ass virun allem den Artikel 13 an de sougenannten Upload-Filter. En Dënschdeg wëll d'EU-Parlament iwwert déi ëmstridde Reform entscheeden.