NewsMueller-Rapport iwwer Russland-Affär fäerdeg

Bal 2 Joer laang huet d'Ermëttlung vun der Russland-Affär ëm den US-President Trump gedauert. Elo ass de Rapport fäerdeg.

Leschten Update: 23.03.2019, 20:04:15

© ALEX WONG / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Den US-Ermëttler Robert Mueller huet säin Ofschlossrapport iwwert d’Russland-Affär ronderëm den US-President Donald Trump un de Justizminister weiderginn. 

Wat konkret am Rapport drasteet, ass net public. Wéi et heescht, wier een amgaang ze kucke wat public géif gemaach ginn.

Den Trump huet scho méi dacks d'Ermëttlunge veruerteelt an als "Hexejuegd" bezeechent.