NewsDron suergt fir Problemer um Frankfurter Fluchhafen

An de leschte Méint goufen et Problemer am britesche Fluchverkéier duerch Dronen déi iwwer d'Fluchhäfe geflu sinn. Och elo um Frankfurter Fluchhafen.

Leschten Update: 24.03.2019, 12:52:37

© Eldo

An de leschte Méint haten d’Londoner Fluchhäfe mat Dronen ze kämpfen. Elo huet sech en ähnleche Virfall och um gréisste Fluchhafen an Däitschland ofgespillt. 

Wéinst der Entdeckung vun enger Dron um südlechen Deel vum Fluchhafe gouf dëse fir eng hallef Stonn um Freideg gespaart. 

D’Police huet sech mam Helikopter op d’Sich no der Dron gemaach, konnt awer bis ewell näischt fannen. 

Vu ronn 1.440 Verbindunge ware 60 dovu gestrach ginn. Och Verspéidunge goufen enregistréiert.