NewsMann gëtt 25 Meter wäit vun Auto matgeschleeft

Gléck am Ongléck hat e Mann an Däitschland. Hie gouf vun engem Auto matgeschleeft.

Leschten Update: 24.03.2019, 12:52:11

© dpa-AFP-Archiv-Armin Weigel

Gléck am Ongléck fir e 70 Joer ale Mann aus Nordrhein-Westfalen an Däitschland. Wéi d’Police um Samschdeg matgedeelt huet, soll de Mann säin Auto op enger ongënschteger Plaz geparkt hunn. 

Den Ermëttler no soll de Mann op eemol gemierkt hunn, wéi den Auto un d’Rulle komm ass. Doropshi wollt de Mann den Auto festhalen, ma ass awer gefall a gouf 25 Meter vum Auto matgeschleeft.

Den Auto ass fir d'éischt duerch en Drot gerannt a koum duerch e Bamstamm un d’Halen. De Mann huet misse vun de Pompjeeë befreit ginn an ass mat liichte Blessuren dovu komm.