"Angscht: Komm mir schwätzen driwwer"Nei Campagne géint Angschtstéierungen

Am Kader vum nationale Plang fir d’Preventioun vu Selbstmord gouf en Donneschdeg déi nei Sensibiliséierungscampagne ronderëm Angschtstéierunge lancéiert.

Leschten Update: 11.04.2019, 14:09:01

© Eldoradio

Am Kader vum nationale Plang fir d’Preventioun vu Selbstmord gouf den Donneschdeg déi nei Campagne ronderëm Angschtstéierunge lancéiert. Angscht-stéierunge sinn déi mental Stéierungen, déi an der Bevëlkerung am stäerkste vertruede sinn, esou déi Responsabel vun der Campagne op der respektiver Pressekonferenz. Zil vun der Campagne ass et, fir fir dës Zort vu Stéierungen ze sensibiliséieren an iwwer d'Traitement, d'Diagnos an den Ëmgank opzeklären.

Angschtstéierungen dacks Grond fir eng suizidal Kris

Ronn all 5. Persoun géif esou eng Angschtstéierung am Laf vu sengem Liewen entwéckelen an eng vun 10 Persoune wier an de leschten 12 Méint domat confrontéiert gewiescht, esou d'Juliana D’Alimonte, vum Gesondheetsministère. Weider wiere bis zu 90% vun de Suiciden op een oder méi mental Problemer zeréckzeféieren, dorënner Depressiounen an eben och Angschtstéierungen.

Zil vun der Campagne mam Numm „Angscht: Komm mir schwätzen driwwer“ ass et deemno ënner anerem, fir d’Thema an der Gesellschaft méi bekannt ze maachen, iwwer d'Behandlungsméiglechkeeten ze informéieren an d’Stigmatisatioun an d’Diskriminatioun vun de Betraffenen ze reduzéieren.

© D'Ligue


Angschtstéierung ass eng Krankheet

Dacks wier et nämlech esou, dass z.B. Phobien, Trennungsangscht oder Panikstéierungen d'Liewe massiv géife beanträchtegen, vum Ëmfeld dacks awer marginaliséiert oder d'Schold beim Charakter vun der betraffener Persoun selwer géif gesicht ginn. Weider wéilt ee mat der Campagne, zu där och déi respektiv Internetsäit prevention-panique.lu gehéiert, iwwer d'Erkennung an d'Behandlungsmethoden informéieren. Eng Angschtstéierung wier nämlech definitiv eng Krankheet, sot d'Elisabeth Seimetz vun der Ligue (Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale a.s.b.l.).

© D'Ligue


Fake News och am Gesondheetsberäich

An domat wéilt een och géint Falschinformatioun virgoen, ëmmer erëm géifen nämlech ähnlech wéi bei Depressiounen Offeren zirkuléieren, déi verspriechen, dass dës Krankheete bannent kuerzer Zäit geléist kënne ginn – an dat wier definitiv net de Fall.

Ma se wieren ze behandelen, wat méi fréi wat besser, esou de Psychiater Charles Pull. Dat an éischter Linn mat enger Psychotherapie an ënnerstëtzend och emol mat Medikamenter. Ma et misst een sech selwer och informéieren a quasi Expert a senger Krankheet ginn.

© D'Ligue

Links