Op der Cloche d'OrKläpperei tëscht 2 Automobiliste matzen op der Strooss

Op Facebook zirkuléiert de Moment e Video an deem sech 2 Automobiliste matzen op der Strooss ferm an d'Hoer kréien.

Leschten Update: 12.04.2019, 17:27:12

© Screenshot Roland Courtois / Facebook

Zwee Männer liwweren sech am Video, deen e Facebook-Notzer aus sengem Büro op der Cloche d'Or eraus gefilmt huet, matzen op der Strooss en handfeste Sträit.

De Video gouf virun 2 Deeg verëffentlecht. An der Tëschenzäit ass de Video awer geläscht ginn.

Ze gesi war e Mann, dee matzen op der Strooss erausgeklommen ass an de Chauffer aus dem Auto hannert him attackéiert a mam Fouss gerannt huet. Duerno hunn sech béid zerschloen, ier de Mann aus deem éischten Auto erëm a säi Won geklommen a fortgefuer ass.

Wat genee de Sträit ausgeléist huet, ass awer net gewosst.