NewsDem Grand-Duc Jean geet et nees besser

De Gesondheetszoustand vum Grand-Duc Jean huet sech verbessert, esou den Haff an engem Schreiwes en Dënschdeg.

Leschten Update: 16.04.2019, 19:19:46

© Jean Christophe Verhaegen AFP

Wéi den Haff an engem Schreiwes en Dënschdeg matgedeelt huet, geet et dem Grand-Duc Jean nees besser.

Säi Gesondheetszoustand huetsech verbessert, hie bleift awer weider ënner Observatioun am Spidol.

E Samschdeg war de Grand-Duc wéinst enger Longenentzündung an d'Clinique ageliwwert ginn. 
Heibäi hat et sech ëm eng präventiv Moossnam gehandelt, esou de Communiqué vum Haff e Samschdeg.