NewsErwëschten Déif menacéiert Caissiere mat Messer

Zu Bartreng huet e Mann an engem Supermarché Alkohol geklaut. Wéi d'Caissiere d'Police geruff huet, huet den Déif si mat engem Messer menacéiert.

Leschten Update: 14.04.2019, 11:48:27

© Eldo

E Samschdeg Owend huet e Mann géint 20 Auer zu Bartreng an engem Supermarché an der Route de Longwy Alkohol geklaut. Wéi hien den Buttek verlooss huet, ass den Alarm ugaangen an de Mann gouf opgefuerdert, zréckzekommen. Dësen Appell huet hien ignoréiert. 

Wéi den Déif matkritt huet, datt d'Police geruff gi wier, huet hie mat engem Messer d'Caissiere menacéiert. Kuerz drop war d'Police op der Plaz a konnt d'Messer sécheren. De Mann gouf festgeholl. E Sonndeg Moie koum hie virun den Untersuchungsriichter. 

An der Stad koum et e Samschdeg Owend géint 17.30 Auer zu engem weideren Déifstall. E Mann hat an engem Elektrobuttek an der Avenue de la Gare en Déifstall probéiert. Hie gouf festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht.