NewsZu Hesper huet nees een Auto gebrannt

An der Nuecht op e Méindeg huet zu Hesper an der Rue du 31 août 1942 een Auto gebrannt. D'Brandursaach ass onkloer. Kee gouf blesséiert.

Leschten Update: 15.04.2019, 09:45:07

© Eldoradio

Wéi den 112 um Méindeg de Moie schreift, huet an der Nuecht op e Méindeg géint 02h30 zu Hesper een Auto gebrannt. Dat an der Rue du 31 août 1942. Wéi et heescht, gouf kee blesséiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vun Hesper an d’Police. An de leschte Méint hunn an där Ëmgéigend méi dacks Autoe gebrannt.