NewsSchwéier Virwërf géint den Julian Assange

Den ecuadorianesche President attackéiert de Wikileaks-Grënner Julian Assange. Den Assange hätt sech dem Moreno no komplett donieft beholl.

Leschten Update: 15.04.2019, 12:25:44

© AFP/Archiv/PABLO COZZAGLIO

De President vum Ecuador de Lenin Moreno huet am Interview mat der britescher Zeitung  “The Guardian” erkläert, wisou de Wikileaks-Grënner Julian Assange aus der Ambassade zu London erausgeflunn ass.

De Moreno sot, den Assange hätt aus hirer Ambassade een „Zentrum fir Spionage“ gemaach. Dat géif géint d’Konditioune vum Asyl verstoussen. Hie wier Gaascht gewiescht, deen ee gutt behandelt hätt.

Den Assange hätt sech awer géintiwwer dem Personal komplett donieft beholl. Och hätt hien eng aggressiv Campagne géint den Ecuador gestart.