NewsFinnland: Sozialdemokrate knapp virun de Rietspopulisten

Mat engem hauch-dënne Virsprong hunn d'Sozialdemokraten a Finnland d'Parlamentswal gewonnen. Plaz 2 beleet déi rietspopulistesch Partei "die Finnen".

Leschten Update: 15.04.2019, 06:32:18

© Lehtikuva/AFP/Markku Ulander

A Finnland hunn déi oppositionell Sozialdemokraten d’Parlamentswahl ganz knapp virun der rietspopulistescher Partei „die Finnen“ gewonnen. Hannendru kommen déi zwou konservativ a liberal Parteien déi bis ewell an der Regierung waren. D’Sozialdemokraten hunn d’Fro oppe gelooss, ob ee mat de Rietspopulisten zesummeschaffe wéilt. Déi hunn elo duebel esou vill Sëtzer am Parlament wéi soss. Si sinn zu enger Regierungskoalitioun bereet. Am Walkampf hate si ënner anerem gefuerdert, d’Opnam vun Asyl-Demandeuren a Finnland op bal 0 ze begrenzen.