NewsD'EU-Copyright-Reform ass definitiv decidéiert

D'EU-Staaten hunn di ëmstridde Copyright-Reform definitiv ugeholl.

Leschten Update: 15.04.2019, 12:26:20

© dpa/AFP/Archiv/Felix Kästle

Di ëmstridde europäesch Copyright-Reform ass definitiv decidéiert. D’Majoritéit EU-Staaten hu sech an engem leschte Vott  dofir ausgeschwat. Just Italien, Finnland, Schweden a Lëtzebuerg hunn géint den Text gestëmmt.

D’Regierungen hunn elo 2 Joer Zäit fir d’Reglement an nationaalt Recht ëmzesetzen.

D’Reform gesäit fir, dass Internetplattforme wéi Google a YouTube hir Contenu’en an Zukunft op Lizenzen iwwerpréiwen an am Zweiwel erof huele mussen.