NewsEng Persoun stierft bei Accident net wäit vu Péiteng

An der Nuecht op e Sonndeg ass en Auto net wäit vu Péiteng komplett verbrannt. Fir ee vun de Passagéier koum all Hëllef ze spéit.

Leschten Update: 15.04.2019, 16:46:59

© Centre d'Incendie et de Secours Käerjeng/Péiteng

Déidlecht Accident an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg hei vir an der Belsch net wäit ewech vu Péiteng.

An der Avenue de l‘Europe hat sech een Auto iwwerschloen an du Feier gefaangen. D’Pompjeeë vu Péiteng a Käerjeng waren op der Plaz, zesumme mat hire Kollegen aus der Belsch. Fir eng Persoun am Auto koum all Hëllef ze spéit. Eng 2. Persoun, déi sech selwer befreie konnt, gouf mat schwéiere Brandverletzungen an d’Spidol bruecht.

Wéi belsch Medien schreiwen, soll et sech bei deenen zwee Passagéier em Awunner vu Lëtzebuerg handelen.