News1. mënschlecht Häerz aus dem 3D-Printer virgestallt

Fuerscher an Israel hunn dat éischt mënschlecht Häerz aus dem 3D-Printer virgestallt.

Leschten Update: 15.04.2019, 16:15:20

© AFP/JACK GUEZ

Fuerscher an Israel hunn haut mat engem 3D-Printer deen éischte Prototyp vun engem mënschlechen Häerz geschafen. D’Häerz wier komplett kompatibel mam Patient, well et aus sengem eegenen Tissu géing produzéiert ginn, soen d’Fuerscher.

Dofir géing et keng Ofwierreaktioun ausléisen. Bannent engem Joer sollen sou Häerzer an Déiereversich getest ginn. Bis zu engem méiglechen Asaz beim Mënsch dierft et awer nach Joren daueren.

© AFP/JACK GUEZ