NewsSträit zu Schraasseg: Mann wiergt Partnerin

Wéi et e Méindeg vun der Police heescht, ass et e Sonndeg zu Schraasseg zu Sträit tëscht enger Koppel komm. De Mann soll seng Fra gewiergt hunn.

Leschten Update: 15.04.2019, 22:06:00

© Eldoradio

Géint 19.00 Auer e Sonndegowend ass der Police eng kierperlech Ausernanersetzung an enger Privatwunneng zu Schraasseg gemellt ginn.

Hei war et zu Handgräiflechkeeten tëscht enger Koppel komm, bei där de Mann d'Fra gewiergt soll hunn.

Wéi et vun der Police heescht, ass d'Fra an och de Mann an d'Spidol komm. Op Uerder vum Parquet ass de Mann festgeholl ginn a soll e Méinden nach virun den Untersuchungsriichter kommen.