NewsProblemer mam Waasser zu Allënster

Wéi et vun der Gemeng Jonglënster heescht, ass d'Waasser vum Krunn zu Allënster kontaminéiert. Et soll een d'Krunnewaasser deemno net consomméieren.

Leschten Update: 15.04.2019, 15:42:22

© Martin BERNETTI / AFP

Wéi d'Gemeng Jonglënster e Méindeg matgedeelt huet, ginn et aktuell Problemer mam Waasser zu Allënster.

Wéi et heescht, soll een d'Waasser aus dem Krunn net drénken. Et soll een et virum Gebrauch 10 Minutte laang ofkachen. Weider huet d'Gemeng preziséiert, datt ee keng Liewensmëttel domat wäsche soll.

D'Gemeng deelt mat, wann de Problem bis behuewen ass.