NewsFäll vu Riedele weltwäit ëm 300% geklommen

Weltwäit sinn Infektioune mat Riedelen ëm 300% geklommen, esou d'Weltgesondheetsorganisatioun e Méindeg. Zu Lëtzebuerg ginn et 12 confirméiert Fäll.

Leschten Update: 15.04.2019, 18:39:39

© Eldoradio

D'Zuel vun de Fäll vu Riedelen ass zënter Januar weltwäit ëm 300 Prozent geklommen. Dat huet d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO e Méindeg zu Genf matgedeelt.

Dës Hausse gëtt doduerch erkläert, datt sech ëmmer manner Leit impfe loossen. Wéi et weider heescht, sinn iwwer 112.000 Infektiounen a méi wéi 170 Länner gemellt ginn. Lescht Joer waren et 28.000 Fäll an 163 Länner.

Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell 12 Fäll confirméiert.


Links