NewsPresuméierte Brandstëfter soll Pompjee gewiescht sinn

Wéi d'Wort an RTL e Méindeg gemellt hunn, soll de Verdächtegen, dee fir eng Partie Autosbränn responsabel gemaach gëtt, fréier Pompjee gewiescht sinn. 

Leschten Update: 15.04.2019, 22:05:37

© CIS Hesper

De presuméierte Brandstëfter, deen a Relatioun mat den Autosbränn zu Hesper festgeholl gouf, soll virbestrooft sinn.

Dat huet d'Lëtzebuerger Wort e Méindegowend matgedeelt. Weider soll et sech beim jonke Mann ëm ee fréiere Pompjee handelen, deen am Juni 2016 wéinst Brandstëftung an 21 Fäll zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer, dovunner 2 op Sursis, veruerteelt gi wier.

Och RTL schwätzt vun engem fréiere Pompjee. Zënter deem de Mann an Untersuchungshaft sëtzt, haten nees eng Partie Autoe gebrannt. Esou och an der Nuecht op e Méindeg nees zu Hesper.