NewsNotre-Dame: schonn Honnerte Mio € fir Opbau gespent

E gréissert Feier war e Méindegowend an der weltbekannter Kathedrale Notre-Dame zu Paräis ausgebrach.

Leschten Update: 16.04.2019, 16:24:48

© STEPHANE DE SAKUTIN / AFP

Nom Feier an der Paräisser Kathedrale Notre-Dame si Spenden an Héicht vun Honnerte Milliounen Euro zesummekomm. Ënnert de Spender sinn zwee franséisch Luxus-Konzerner, déi zesummen 300 Milliounen Euro bäisteieren.

Bis d'Schied behuewe wieren, kéint et awer nach Joren daueren, esou Experten. D'Brandursaach ass da weider onkloer. 50 Ermëttler wieren aktuell am Asaz, fir d'Ursaach ze klären. De Paräisser Parquet geet vun engem Accident aus. Indicen op Brandstëftung si keng fonnt ginn.

Géint 18h50 e Méindegowend war d'Feier an der Kathedrale Notre-Dame zu Paräis ausgebrach. Wéi et géint 23h00 vun engem Spriecher vun de Pompjeeë geheescht huet, konnten d'Struktur vun der Kathedrale an déi zwee Haapttierm gerett ginn.

Op engem Point Press op der Plaz huet de franséische President Emmanuel Macron um Méindegowend ënnerstrach, datt dat Schlëmmst verhënnert gouf an een direkt mat den Aarbechte fir den Opbau géif ufänken. Éischt privat Spender hunn da schonn eng Bedeelegung a Milliounenhéicht zougesot. Ausserdeem gouf eng  Spendenaktioun gestart.





An der Nuecht op en Dënschdeg géint 04h00 koum dunn d'Noriicht, datt d'Feier ënner Kontroll ass an deelweis geläscht gouf.



D'Rettungsequippen haten och probéiert, wäertvoll Konschtstécker ze retten. Verschiddener wieren aus dem Gebai an ee Schutzraum gedroe ginn.

D'Brandursaach ass nach onkloer. D'Feier kéint mat Renovéierungsaarbechten ze dinn hunn, schreiwe verschidde franséisch Zeitungen. Wéi et vun offizieller Säit heescht, géif eng Terrorattack ausgeschloss ginn. Eng Enquête wéinst "destruction involontaire par incendie" gouf iwwerdeems an d'Weeër geleet, esou de Paräisser Parquet um spéide Méindegowend.

D'Feier soll um Späicher vum Gebai ausgebrach sinn, wéi de Porte-Parole vun de Paräisser Pompjeeë confirméiert huet. Iwwer 400 Pompjeeë goufe wéinst dem Brand mobiliséiert.

Nom Groussbrand konzentréieren sech d’Aarbechte vun de Pompjeeën um Dënschdegmueren op déi lescht Brandnäschter. Och geet et drëms, een neit Feier ze verhënneren, heescht et vun de Pompjeeën. Experten an Architekte wëllen elo ënnersichen, ob d’Kathedral nach stabil ass.

© Geoffroy VAN DER HASSELT / AFP

© Hubert Hitier / AFP




© Geoffroy VAN DER HASSELT / AFP

© Thomas SAMSON / AFP