NewsWeltwäit Reaktiounen no Brand a Kathedrale Notre-Dame

Millioune Leit op der ganzer Welt hunn e Méindeg den Owend op der Telé gesinn, wéi d'Kathedrale Notre-Dame zu Paräis a Flame stoung.

Leschten Update: 16.04.2019, 07:45:11

© Bertrand GUAY / AFP

A Frankräich sëtzt de Schock déif. D'Kathedrale Notre-Dame stoung e Méindeg den Owend a Flamen. D'Struktur vum Gebai konnt gerett ginn.

Millioune Leit konnten e Méindeg den Owend just nokucken, wéi d'Feier an der Kathedrale sech ausgebreet huet an een Tuerm an e Koup gefall ass.

De franséische President Emmanuel Macron war direkt op d'Plaz gefuer an huet sech schockéiert gewisen. Hie sot "wéi all Fransous sinn ech traureg dësen Deel vun eis brennen ze gesinn". Duerno huet hie sech kämpferesch gewisen: "Mir wäerten d'Notre-Dame nees opbauen", esou de Macron um spéide Méindegowend. Dat Schlëmmst wier beim Brand verhënnert ginn, well d'Fassade an déi zwee Haapttierm net an e Koup gefall wieren.





De franséische Premier Edouard Philippe schreift op Twitter: "eis Trauregkeet ass onbeschreiflech, mä mir kämpfen nach. Den Owend kämpfen d'Pompjeeën wéi Helde géint d'Feier". D'Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo schwätzt vun engem "fierchterleche Brand".










Weltwäit ginn et Reaktiounen zum trageschen Feier zu Paräis.

Den UNO-Generalsekretär huet schockéiert op d’Biller aus Paräis reagéiert. Seng Gedanke wiere bei de Mënschen an der Regierung a Frankräich, esou den Antonio Guterres zu New York.





D’Bundeskanzlerin Merkel schwätzt vu schreckleche Biller. D‘Notre-Dame wier ee Symbol vu Frankräich an der europäescher Kultur.





Ähnlech Reaktioune komme vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel a vum EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker.









Den EU-Rotspresident Donald Tusk schreift op Twitter, datt ganz Europa un der Säit vu Paräis stéing.

D’Kathedrale gëtt all Joers vu ronn 13 Millioune Mënschen aus der ganzer Welt besicht.