NewsDrogekonsument gouf 2 Mol an engem Owend erwëscht

Op der Gare huet d'Police dëse Méindeg Owend een Drogekonsument 2 Mol bannent annerhallwer Stonn mat Marihuana erwëscht.

Leschten Update: 16.04.2019, 19:20:00

© AFP/Yuri Cortez

An der Avenue de la Liberté op der Gare huet d’Police dëse Méindeg Owend bei 2 Drogekonsumenten 20 Gramm Marihuana confisquéiert.

Di zwou Persoune goufe mat de Policebüro geholl a protokolléiert. Annerhallef Stonn méi spéit hunn di selwechte Beamten ee vun den 2 Drogekonsumenten erëm gesinn.

Des Kéier hat hien 18 Gramm Haschisch dobäi . Hien gouf op en Neits protokolléiert.