NewsBis zu 300 nei Beamte fir d'Police

Fir Departen a Congéen ze kompenséieren wëll d'Police an den nächste Jore massiv astellen.

Leschten Update: 16.04.2019, 16:21:43

© Eldoradio

Wéinst Departen aus der Police, Detachementer an aner Verwaltungen oder d'Schafe vun neien Poste bei der Police selwer sinn den Ament eng ronn 50 Plaze bei der Police net besat. Weiderhi sinn am Moment eng 200 Beamten am Congé Parental, Congé de Maternité, Congé sans traitment oder an Deelzäit ugestallt.

Dëst huet de Minister fir bannenzegst Sécherheet François Bausch a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser matgedeelt. Fir all déi Absencen ze kompenséiere sollen iwwert déi nächste Joer bis zu 300 nei Beamten agestallt ginn. Dëse groussen Effort am Rekrutement wier néideg fir am Aklang mat diversen aarbechtsrechtleche Bestëmmungen ze bleiwen.

Iwwerdeems wier eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten néideg fir den optimale Fonctionnement vun allen Servicer ze garantéieren.

LINK/ Liest hei d'parlamentaresch Fro an d'Äntwert vum Minister Bausch