NewsDisneyland Paräis verzicht op Plastik-Schalimo’en

2021 si vill Plastiksproduiten an der EU verbueden. Disneyland Paräis verbitt elo schonn Plastiks-Schalimo'en aus sengem Räich.

Leschten Update: 16.04.2019, 19:19:53

© afp

Vun dësem Donneschdeg un kréien d’Visiteuren just nach Schalimo’en aus kompostéierbarem Pobeier- an dat och just op ausdréckleche Wonsch. D’Mesure gehéiert zu engem Plang, mat deem Disneyland Paräis méi gréng soll ginn.

Vun nächster Woch un ginn Plastikstuten ausserdeem net méi gratis un d’Visiteuren verdeelt, mee fir 1 bis 2 Euro verkaf. An deene meeschte Hoteller déi zu der Anlage gehéieren, sollen kleng Dusch- oder Shampoing-Fläschen ausserdeem duerch grouss Fläschen ersat ginn, déi nees opgefëllt ginn .

Mëttelfristeg wëllt Disneyland ausserdeem Solarzellen um Visiteursparking installéieren. Domat sollten vrun allem Kanner animéiert ginn, sech ëm d‘Natur ze këmmeren.