NewsItalien: separat Tëleessendere fir Fraen a Männer?

An Italien gëtt et aktuell Diskussiounen ëm eng geplangte Reform beim ëffentlech-rechtleche Sender RAI. Geplangt sinn eenzel Sendere fir Fraen a Männer.

Leschten Update: 19.04.2019, 15:10:46

© Pexels

D'Staatstëlee an Italien huet annoncéiert, eenzel Sendere fir Männer a Fraen ze lancéieren, dat am Kader vun enger Reorganisatioun vu RAI selwer.

Dës Annonce huet scho Kritike mat sech gezunn. Verschidde Politiker an Organisatioune soen, datt d'Iddi "verréckt" wier a Fraen esou weider diskriminéiert a veruerteelt ginn.

RAI selwer seet, datt d'Kritiken net ubruecht sinn. Hir Iddi géif d'Offer vu Filmer verbesseren an et wiere scho Senderen um Marché, déi op bestëmmten Zilgruppen ofzielen, sou e Spriecher vu RAI.