NewsZwee Männer an Nordirland festgeholl

Bei Ausschreidungen am nordiresche Londonderry ass an der Nuecht op e Freideg eng Journalistin erschoss ginn. Zwee Männer goufe virleefeg festgeholl.

Leschten Update: 20.04.2019, 10:01:14

© Paul Faith / AFP

Nom Doud vun enger Journalistin bei Ausschreidungen an der nord-irescher Stad London-Derry sinn zwee Männer virleefeg festgeholl ginn. Si sinn 18 respektiv 19 Joer al.

D'Police huet den Doud vun der 29-järeger Lyra McKee als "terroristesche Virfall" agestuuft an huet eng Enquête wéinst Mord an d'Weeër geleet. Wéi de Vice-Policechef sot, soll den Täter en "gewalttätegen Nationalist" sinn. D'Fra wier getraff ginn, wéi de presuméierten Täter op Poliziste geschoss huet.

De Virfall ass international veruerteelt ginn. Déi britesch Premierministesch May huet den Dout vun der 29-järeger Fra als sënnlos bezeechent. D'EU-Kommissioun verlaangt eng genee Opklärung vum Virfall.

Politiker vun der britescher Provënz hunn d'Dot veruerteelt a soen, dëse Virfall géif déi ugespaante Lag an Nordirland weisen, déi am Brexit-Drama eng entscheedend Roll spillt. Wéi d'Zeitung The Daily Telegraph schreift, ass et am Virfeld vum Joresdag vum sougenannten Ouschter-Opstand vun 1916 zu den Ausernanersetzunge komm. 1916 war dësen Opstand e Versuch vu militanten iresche Republikaner, d'Onofhängegkeet vun Groussbritannien gewaltsam ze erzwongen.