NewsAlkoholiséierte Chauffer mat Kanner am Auto ënnerwee

En Donneschdeg hat sech en Automobilist ënnert Alkoholafloss hannert d'Steier gesat. Wéi d'Police schreift, waren och zwee Kanner am Auto.

Leschten Update: 19.04.2019, 17:15:37

© Eldoradio

Am fréien Donneschdegowend ass zu Diddeleng e Chauffer ënnert Alkoholafloss accidentéiert. Wéi d'Police schreift, hat de Chauffer d'Kontroll iwwert säi Won verluer a krut e Bam ze paken.

Wéi et weider heescht, waren och zwee Kanner am Auto. D'Kanner wéi den Automobilist koume fir eng Kontroll an d'Spidol. Do huet sech erausgestallt, datt den Alkoholtest positiv war.

De Führerschäi gouf agezunn an de Chauffer ass protokolléiert ginn.