NewsZuchverkéier nees op no Tëschefall op Diddelenger Gare

Géint 18.30 Auer koum et e Freidegowend zu engem Virfall op der Gare zu Diddeleng. Eng Zäit laang huet den Zuchverkéier misse gestoppt ginn.

Leschten Update: 20.04.2019, 05:46:49

© Eldoradio

Wéi d'Police e Freidegowend matgedeelt huet, koum et zu Diddeleng op der Gare géint 18.30 Auer zu engem Tëschefall.

Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Den Zuchverkéier op där Plaz gouf gespaart.





Zënter e Samschdeg de Moie fiert den Zuchverkéier nees normal, dat huet d'Police géigeniwwer Eldoradio confirméiert.