NewsRettungshelikopter zu Rouspert am Asaz

Bei engem Accident tëscht engem Vëlo an engem Motorrad goufe béid Fuerer schwéier blesséiert. De Cyclist ass mam Helikopter an d'Spidol bruecht ginn.

Leschten Update: 20.04.2019, 06:10:38

© CIS Grevenmacher-Mertert

E Freideg Mëtteg géint 16.40 Auer koum et aus nach ongekläerte Grënn zu engem Accident tëscht Steenem a Rouspert. E Vëlofuerer an e Motorradsfuerer sinn dobäi uneneegeroden. Béid Fuerer goufe schwéier blesséiert. De Vëlofuerer huet nach missen op der Plaz behandelt ginn a gouf duerno mam Helikopter op de Kierchbierg geflunn. D’Streck tëscht Steenem a Rouspert huet missen eng Zäit laang gespaart ginn.