NewsPuer Autoen a Brand zu Schengen

Nees eng Kéier koum et zu Autosbränn. Zu Schengen hunn an der Nuecht op e Samschdeg e puer Auto gebrannt. D'Pompjeeë waren op der Plaz.

Leschten Update: 20.04.2019, 10:36:40

© Eldo

Wéi de CDGIS weider matdeelt, koum et an der Nuecht op e Samschdeg nees zu Autosbränn. Zu Schengen an der Wäistrooss hunn e puer Autoe gebrannt. Och beim Schlass zu Schengen huet e weideren Auto gebrannt. D’Pompjeeë waren op der Plaz.

An de leschte Wochen stoungen ëmmer nees Autoen a Brand.

Wéi et weider vun der Police heescht, goufen et op der A13 e Freideg Owend zwee Accidenter bei der Ausfaart Käl.
Bei engem Accident sinn zwee Autoen unenee geroden. Ee vun den zwee Autoen huet sech iwwerschloen. Déi zwee Fuerer goufen an d'Spidol bruecht.
Bei dem aneren Accident waren och zwee Autoen am Coup. Bei béide Fuerer war den Alkoholtest positiv.