NewsJuncker: Brite wäerten un den Europawalen deelhuelen

Dem EU-Kommissiounspresident Juncker no dierften d'Bierger net dofir bestrooft ginn, datt d'Briten den ursprénglechen Austrëtts-Datum net agehalen hätten.

Leschten Update: 20.04.2019, 07:26:13

© EMMANUEL DUNAND / AFP

D’Brite wäerten am Mee un den Europawalen deelhuelen, esou den EU-Kommissiounspresident Juncker. Et wier zimlech wahrscheinlech, datt d’Briten am Mee nach EU-Member sinn. An dofir missten d’Awunner vu Groussbritannien d’Recht hunn, un de Walen deelzehuelen, esou de Juncker.D'EU-Recht géif nämlech virgesinn, datt d'Bierger vu Memberstaaten un de Walen deelhuelen.

Et kéint een net d’Bierger dofir bestrofen, datt d’Briten et net hikritt hätten, um ursprénglechen Datum auszetrieden. Am Ufank war jo virgesinn, datt Groussbritannien den 29. Mäerz aus der EU austrëtt.