NewsReaktiounen op den Doud vum Grand-Duc Jean

Vun 1964 bis 2000 stoung de Grand-Duc Jean un der Spëtzt vum Land. Elo ass de fréiere Staatschef gestuerwen. An de soziale Medie ginn et vill Reaktiounen.

Leschten Update: 23.04.2019, 13:51:09

© Eldoradio

De Belschen Haff huet op Twitter reagéiert a schreift, datt de Grand-Duc Jean souwuel zu Lëtzebuerg wéi och an der Belsch respektéiert gi wier. D'Belsch géif d'Leed vun de Lëtzebuerger Bierger deelen, esou den Haff weider.



Den EU-Kommissiounspresident a fréiere Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker deelt via Twitter mat, dass de Grand-Duc Jean "ëmmer no bei de Lëtzebuerger'" gewiescht wier. D'Lëtzebuerger Vollek wier "haut an Trauer vereent'". Den Doud vum Grand-Duc wier "e Verloscht fir Lëtzebuerg an Europa''.



Och d'Chamber weist sech traureg:



De Vizepremier Etienne Schneider schreift, dass eis "ee grousse Staatschef" verlooss hätt, dee "säin Amt mat Rou an Zouverlässegkeet ausgefouert" hätt an "ëmmer oppe fir nei Entwécklunge Verännerungen" gewiescht wier.



D'Familljeministesch Corinne Cahen bezeechent de Grand-Duc Jean op Twitter als "grousse Staatschef" an als "grousse Mënsch". Hien hätt sech "säi Liewe laang fir all eenzele Mënsch intresséiert" an "ëmmer en oppent Ouer fir jiddereen an eng grouss Empathie" gehat.



D'Inneministesch Taina Bofferding lueft dem Grand-Duc säi Respekt virun den Institutiounen an dréckt der groussherzoglecher Famill hiert Bäileed aus.



Déi gréng Parteipresidentin Djuna Bernard schreift dass "eis e grousse Staatsmann" an "e Befreier vu Lëtzebuerg am zweete Weltkrich" verloosse géing.



Déi fréier EU-Kommissärin Viviane Reding huet eng Foto vum Grand-Duc op dësem sengem leschte Gebuertsdag gepost.



Den LSAP-Politiker Alex Bodry schreift op Twitter de Grand-Duc wier "flichtbewosst, mënschlech an iwwerparteilech" gewiescht. Mam Grand-Duc Jean hätt eis "en responsabele Staatschef an e gudden an einfache Mënsch" verlooss. Hien dréckt der groussherzoglecher Famill säi Bäileed aus.



D'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen schwätzt vun enger "historescher Zäsur". Mamm Grand-Duc hätt eis"ee grousse Staatsmann vum 20. Joerhonnert" verlooss.



De fréieren CSV-President Marc Spautz seet dem Grand-Duc Merci fir alles a lueft dësem säin enormen Asaz fir d'Land.



Och d'CSV selwer dréckt op Twitter hir "Trauer" an "hire Bäileed un d'groussherzoglech Famill"" aus.



Och d'Piratepartei dréckt der groussherzoglecher Famill op Twitter hiert d'Bäileed aus.



D'Lëtzebuerger Pompjeesfederatioun schreift op Facebook, dass een "den Doud vum Grand-Duc mat grousser Trauer zur Kenntnis'" geholl hätt. Och si dréckt der groussherzoglecher Famill hire Bäileed aus.



Och de Claude Lamberty vun der DP éiert de Grand-Duc op Twitter an dréckt der groussherzoglecher Famill säi Bäileed aus.



De fréiere Finanzminister Luc Frieden weist sech op Twitter traureg iwwert den Doud vum Grand-Duc.



Wéi d'Fussballfederatioun matgedeelt huet, gëtt haut a muer während all Match an de Fussballstadionen eng Gedenkminutt gehalen.

Links