NewsBegriefnis vum Grand-Duc Jean de 4. Mee

De Grand-Duc Jean ass an der Nuecht op en Dënschdeg am Alter vun 98 Joer gestuerwen. Bis de 4. Mee 18.00 Auer gëllt dann d'Staatstrauer.

Leschten Update: 23.04.2019, 17:24:53

© Eldoradio

"Ech hunn déi traureg Flicht iech matzedeelen, dass de Grand-Duc Jean haut an der Nuecht um 00h25 am Alter vun 98 Joer ons fir ëmmer verlooss huet". Dat sot de Premier Xavier Bettel en Dënschdeg de Mueren um 09h00 virun der Press. Et wier ee schwéiere Moment fir d'Lëtzebuerger an all d'Bierger am Grand-Duché, virun allem och eng schwiereg Zäit fir déi ganz groussherzoglech Famill an déi vill Mënschen déi dem Grand-Duc Jean no waren.

"De Grand-Duc Jean war, ass a bleift ee Symbol fir d'Land", esou de Premier weider. Hie stéing fir "Gewëssenhaftegkeet, fir Loyautéit vis-à-vis vum Land, fir Léift an eng enk Verbonnenheet mam Vollek". Hie wier een "Virbild fir eis all gewiescht an huet duerch säin Engagement Spueren hannerlooss déi fir ëmmer bleiwe wäerten".

D'Begriefnis vum Grand-Duc Jean wäert Samschdes de 4. Mee um 11h00 an der Kathedral an der Stad sinn. Wéi de Regierungsrot en Dënschdeg de Moien decidéiert huet, gëllt d'Staatstrauer bis de 4. Mee 18.00 Auer.

"Et ass ee Familljemënsch deen eis haut verlooss huet, ee grousse Staatsmann, een Held, ee Virbild an een immens léiwen a gutt-häerzege Mënsch", esou de Xavier Bettel.

Wéi d'Chamber matgedeelt huet, ass d'Virstellung vum Budget 2019 vun en Dënschdeg 14.30 Auer op e Mëttwoch 09.00 Auer verréckelt ginn.

Lauschtert hei déi ganz Deklaratioun vum Premier Xavier Bettel:



Wéi et vum Educatiounsministère heescht wäerten all d'Schoulen de 4. Mee, also den Dag vum Begriefnis vum Grand-Duc Jean, zou sinn, dorënner och d'Museksschoulen an d'Schoule fir Lëtzebuergesch ze léieren. Museksconcoursen an -exame wäerten donieft och verréckelt ginn. Och d'Formatioune vum IFEN wäerten op en aneren Dag verréckelt ginn, dat selwecht gëllt fir d'Porte-Ouverte vun de Lycéeën. Weider huet de Minister Claude Meisch d'Enseignanten invitéiert d'Liewe vum Grand-Duc mat de Schüler ze thematiséieren.



Hei d'Schreiwes vum Regierungsrot:

Conseil de gouvernement du 23 avril 2019 – Le gouvernement a proclamé le deuil national

Communiqué par: ministère d'État

À la suite du décès de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean, le Conseil de gouvernement s’est réuni le mardi 23 avril 2019 pour une séance extraordinaire sous la présidence du Premier ministre Xavier Bettel.

Le gouvernement a observé une minute de silence à la mémoire du Défunt.

Le gouvernement a proclamé le deuil national à observer jusqu’à samedi, le 4 mai à 18 heures.

Durant le deuil national, les drapeaux seront mis en berne sur les bâtiments et lieux publics.

Une déclaration du gouvernement sera insérée au Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg.


Hei d'Schreiwes vum Educatiounsministère:

Dans le cadre du deuil national prononcé suite à la disparition du Grand-Duc Jean, ce lundi 23 avril 2019, le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, a invité tous les enseignants à thématiser avec leurs élèves la vie du personnage exceptionnel que fut ce grand homme d’État, ainsi que l’importance et la signification de son règne, pour notre pays, notre liberté et notre indépendance.

Le ministre a en outre annoncé plusieurs mesures :

  • Les drapeaux des écoles seront en berne jusqu’au samedi 4 mai 2019 inclus.

  • Toutes les écoles chômeront la journée du 4 mai, journée des funérailles de Son Altesse Royale, y compris l’enseignement musical et les cours pour l’acquisition de la nationalité luxembourgeoise.

  • Les concours et examens de l’enseignement musical fixés au 4 mai seront reportés.

  • Les formations de l’Institut de formation de l’Éducation nationale (IFEN) et les soutenances de mémoire des enseignants stagiaires de l’enseignement fondamental prévues ce jour seront également reportées.

  • Les portes ouvertes organisées le 4 mai dans les lycées seront-elles aussi reportées.