News15 Doudeger bei Äerdbiewen op de Philippinnen

E Méindegowend Lokalzäit ass op de Philippinnen en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,3 gemooss ginn.

Leschten Update: 23.04.2019, 11:33:20

© AFP/TED ALJIBE

D'Zuel vun den Doudege bei engem Äerdbiewen op de Philippinnen ass mëttlerweil op 15 geklommen.

E Méindegowend 17.00 Auer Lokalzäit ass d'Biewe mat enger Stäerkt vu 6,3 op der philippinnescher Haaptinsel Luzon gemooss ginn.

Et ginn nach ëmmer vill Leit vermësst, déi ënnert Gebaier gesicht ginn, déi duerch d'Äerdbiewen an e Koup gefall sinn. Offiziell ass vun op d'mannst 24 Mënsche riets, déi nach vermësst ginn.



© AFP/