NewsVerkafsstart vum Samsung Galaxy Fold verréckelt

De südkoreanesche Konzern huet matgedeelt, datt Tester gewisen hätten, datt de Verkaf vum Samsung Galaxy Fold op onbekannt Zäit verréckelt gëtt.

Leschten Update: 23.04.2019, 14:11:10

© AFP/Archives/Josh Edelson

Wéinst Problemer mat den Ecranen huet Samsung de Verkafsstart vun hirem Smartphone Galaxy Fold verréckelt.

Tester hätte gewisen, datt de Smartphone weider verbessert muss ginn. Eigentlech sollt de Galaxy Fold dës Woch op de Marché kommen.

Journalisten, déi de Smartphone am Viraus teste konnten, hate matgedeelt, datt d'Ecrane vun de Geräter beim Fale gebrach wieren.