NewsGeiselnam zu Lourdes ass eriwwer

De ronn 50 Joer alen Ex-Militär hat nieft senger Ex-Fra nach op d'mannst eng weider Persoun als Geisel geholl. Am fréien Owend konnt hie festgeholl ginn.

Leschten Update: 23.04.2019, 18:47:05

© Christophe SIMON / AFP

Am südfranséische Lourdes huet d'Police den Dënschdeg den Owend eng Geiselnam op en Enn bruecht. Deemno hat en arméierte Mann zäitweis zwou bis dräi Geiselen a senger Wunneng festgehalen.

Ënnert de Geisele soll dem Parquet no och d'Ex-Fra vum presuméierten Täter gewiescht sinn. Eng Geisel soll iwwerdeems blesséiert gi sinn.

Beim Täter soll et sech ëm e fréiert Member vum Militär handelen. Hie war der Justiz scho wéinst Iwwergrëff op seng Ex-Fra bekannt. Wéi Zeie géintiwwer der AFP soten hat hie während der Geiselnam no bausse geschoss.