NewsZeienopruff no Abroch an 2 Garagen um Rouscht

An der Nuecht vun de Méindeg op en Dënschdeg war um Rouscht bei 2 Concessionairen agebrach an eng Rëtsch Autoe geklaut ginn.

Leschten Update: 23.04.2019, 17:33:56

© Eldo

An der Zone Artisanale & Commerciale Jauschwis um Rouscht sinn der Police no an der Nuecht vun de Méindeg op en Dënschdeg Onbekannter bei zwee Autosconcessionairen agebrach an hunn do e puer Autoe geklaut. Aus de Raimlechkeete goufen d'Schlëssele geklaut mat deenen dunn nei Ween, déi um Terrain ofgestallt ware geklaut gi sinn.

Et sinn dëst virun allem Autoe vun der Mark DS, een Audi Q2 mat der Plackennummer XX6351, eng blo Camionnette vun der Mark Peugeot mat der Plackennummer WJ8008 an e puer Vëloen. All Hiweiser si fir d'Police vu Miersch ënnert dem Tel.: (+352) 4997-9500.