News2 Persoune wéinst Droge festgeholl ginn

Bal en hallwe Kilo Marihuana an e puer Gramm Kokain haten d'Policebeamten an enger Wunneng fonnt, déi nawell verdächteg gericht huet.

Leschten Update: 24.04.2019, 17:35:18

© Police

De Sonndeg war während engem Policeasaz an der Rue Anatole France an der Stad de Beamten an enger Wunneng staarke Marihuanageroch opgefall.

Wéi d'Beamten dunn d'Wunneng duerchsicht hunn hu si zesumme ronn 460 Gramm Cannabis an iwwer 6 Gramm Kokain fonnt. D'Droge goufe séchergestallt an op Uerder vum Parquet goufen zwou Persoune festgeholl.