News25-järege Chauffer bei Accident ëm d'Liewe komm

E Mëttwoch den Owend koum et zu engem déidlechen Accident tëscht Lëppschent an Houschent. Wéi d'Police schreift, huet e 25-järege Chauffer net iwwerlieft.

Leschten Update: 08.05.2019, 21:38:05

© Police

Géint 18.45 Auer e Mëttwoch koum et tëscht Lëppschent an Houschent, méi no bei Lëppschent, zu engem déidlechen Accident.

En Auto, deen aus Richtung Fridhaff ënnerwee war, koum op der dräispureger Fuerbunn op d'Géigespur an ass do mat engem aneren Auto kollidéiert.

De Schock war esou hefteg, dass de 25 Joer ale Chauffer vum Auto net iwwerlieft huet. Chauffer a Bäifuererin vum anere Gefier goufen an d'Spidol bruecht. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.

© Police