NewsKee Blesséierte bei Brand an enger Hal zu Esch

E Sonndeg koum et géint 17.30 Auer zu engem Groussbrand bei der Kontrollstatioun zu Esch. Kuerz virun 19.00 Auer war de Brand ënner Kontroll.

Leschten Update: 13.05.2019, 07:29:00

© Eldo Mobile Reporter

Géint 17.30 Auer e Sonndeg krut de CGDIS eng 20 Uriff, déi e Feier a staarken Damp an der Rue Joseph Kieffer zu Esch gemellt hunn.

Wéi de CGDIS e Sonndegowend an engem Schreiwes matgedeelt huet, huet et sech beim Brand ëm e Feier an enger Lagerhal gehandelt.

Duerch dat séiert Handele vun de Pompjeeë konnt eng Ausbreedung vum Feier op aner Gebaier a Gefierer, déi an der Géigend vun der Plaz geparkt waren, evitéiert ginn.

© CGDIS / Raymond Brausch

Duerch d'sozial Medien an d'Applikatioun "GouvAlert" ass d'Populatioun informéiert an Awunner an der Ëmgéigend gewarnt ginn, datt si Dieren a Fënsteren zouloosse sollen.

Beim Brand ass keng Persoun blesséiert ginn. Kuerz virun 19.00 Auer gouf matgedeelt, datt d'Feier ënner Kontroll ass, d'Noläschaarbechten awer nach dauere wäerten.



© Eldo Mobile Reporter

© CGDIS / Raymond Brausch

Hei d'Schreiwes vum CGDIS:

Communiqué de presse relatif au feu d’envergure à Esch sur Alzette

A 17h30 ce dimanche le Central des Secours d’Urgence 112 a reçu une vingtaine d’appels faisant état d’un incendie dans la rue Joseph Kieffer à Esch-sur-Alzette avec un fort dégagement de fumée. 

Les moyens dépêchés sur place ont fait face à un feu d’entrepôt commercial d’environ 500 mètres carrés. 

L’action immédiate et importante des pompiers avec 7 camions de lutte contre l’incendie a permis de limiter l’incendie à l’entrepôt et d’éviter une propagation aux véhicules garés à proximité et aux bâtiments adjacents. 

Un appel a rapidement été fait via les médias sociaux et l’application Gouvalert afin de prévenir la population résidant aux alentours et lui demander de rester confinée à l’intérieur et de garder portes et fenêtres fermées. 

Aucune victime n’est à déplorer. 

Moyens déployés sur place pour un total de 55 pompiers : 

CIS Esch-sur-Alzette 

CIS Dudelange 

CIS Sanem-Differdange 

CIS Schifflange 

CIS Keaerjeng-Péiteng 

CIS Mondercange 

Officier de santé 

Chef de compagnie Zone de secours Sud 

Activation du Centre de gestion des opérations 

Casernement du CIS Petange 

Centre de Soutien Logistique (ravitaillement)