NewsNom Brand bleift d'Brasserie Guillaume bis op Weideres zou

Wéinst dem Brand de leschte Freideg um Knuedler bleift d'Brasserie Guillaume bis op Weideres zou.

Leschten Update: 13.05.2019, 08:28:14

© CGDIS

Nom Brand de leschte Freideg um Knuedler bleift d'Brasserie Guillaume bis op Weideres zou. Dat schreift d'Brasserie selwer op hirer Facebook-Säit. 

Wéi lessentiel.lu schreift, géifen éischt Ermëttlungen wuel dorop hiweisen, dass d'Feier an der Kichen ausgebrach ass, iert et sech um Daach ausgebreet huet. Weider heescht et, datt een elo ofwaarde géing bis d'Versécherung de Schued beuerteelt, fir nees sou séier wéi méiglech opmaachen ze kënnen.